Oppene Bréif un de Redaktiounscomité vum "De Cliärrwer Kanton"
Oppene Bréif un de
Redaktiounscomité vum
« De Cliärrwer Kanton »
Breedelt, den 1. Mee 2020
Dir Hären,
No engem animéierten Telefonsgespréich haut de Moien mam DCK » Chefredakter hunn ech decidéiert, als Auteur a fräie Mataarbechter vum « De Cliärrwer Kanton » op ze halen.
Ech kréien net méi déi néideg redaktionell Ënnerstëtzung, iwwerdeems meng Manéier ze schaffen a Fro gestallt gëtt. Vrun allem meng Artikelen an Interviewform hätten an der Lescht fir ze vill Opreegung an onnëtz Aarbecht gesuergt, an ech wär e puer Mol, Zitat : ‘laanscht ee Prozess geschrubbt’, dont acte!
Ech widderhuelen nach emol, wat ech de Moien um Telefon probéiert hunn z’erklären, nämlech dass ech zu kengem Zäitpunkt meng perséinlech Meenung afléisse gelooss hunn. Ech hunn a kengem eenzegen Artikel polemiséiert, oder och nëmmen den Usaz vun engem perséinleche Statement op Pobeier bruecht. Ganz am Géigendeel, ech hunn am Laf vun all de Joren, an deenen ech fir den « DCK » geschriwwen hunn, ëmmer fir Fairness plaidéiert a jidderengem dee portraitéiert gouf d’Méiglechkeet ginn, sech mäi Manuskript un ze kucken, éier dass den Artikel an den Drock goung.
No ronn dräi Joerzéngten, wärend deenen ech als Journalist an der geschwater Lëtzebuerger Press geschafft hunn, denken ech déi néideg Professionalitéit mat bruecht ze hunn, fir souguer d’Critèren an d’redaktionell Ligne de conduite vum « DCK » z’erfëllen an an ze halen. Wann ech d’Telefonsgespréich vun haut de Moie richteg interpretéieren, schéngt dat aus der Perspektiv vum Redaktiounscomité net méi de Fall ze sinn. Och dat huelen ech zur Kenntnes. Ech bedaueren, dass äis Zesummenaarbecht op dës Manéier op een Enn geet.
Ofschléissend nach dat hei : Dir wësst, dass et vun all de Gespréicher mat sämtlechen Interviewpartner Enregistrementer gëtt, déi ech gebraucht hu fir iwwerhaapt kënnen déi laang Artikelen am « DCK » op Pobeier ze bréngen. Ech verbidde mer dofir all Form vun ënnerschwellege Menacen an offen Insulten, egal op vu Wämper Lokalpolitiker oder vu Chefs d’entreprise, déi sech falsch zitéiert spieren.
Bescht Gréiss,
Gilles Wunsch

firwat d'éislek? kuck selwer ...